LU | FR | DE | EN

Testimonials

Training am Bësch ass super ! Et ass schwéier eng Sportaart ze fannen déi een zesumme matt aneren an der frëscher Loft ka maachen. Dat heiten war richteg flott, an ech hu mech ëmmer gefreet fir ze goen. Mer hun eis am Gruppe direkt gudd verstan a mer hun ëmmer vill gelaacht. Et ass och esou datt een deen anere motivéiert huet. Wann ech emol een Dag net esou a Form war, sin ech awer gaangen, well ee jo wusst datt di aner an den Trainer och do waren. Den Traning war och ganz gudd vum Serge an Natalie opgebaut. E war emol fier d’alleréicht progressiv, an dem Niveau vun jidderengem ugepasst. Si hun sech ëmmer nees neies afale gelos, esou datt et fir eis Participants nie langweileg gin ass. Besonneg awer loossen sech d’Resultater weisen. Ech hu scho ganz gudd ofgeholl, an d’Muskelen hun sech opgebaut. Et ass wieklech dowaert!

Claudia

 

Den Training mam Serge  war natierlech ustrengend mé et huet maer awer ëmmer Spaass gemaach. Fir déi Leit déi Problemer hun sech ze motivéiere fir eppes eleng ze machen, as deen heiten Training an der Grupp  genau dat  richtegt. Obwuel een an der Grupp trainéiert, gëtt d’Intensitéit vum Training ëmmer dem Niveau vun der Persoun ugepasst. Et as och flott dass den Training an der Natur stattfënnt.

Patrick Steffen

 

Just do it! On redécouvre des muscles oubliés à chaque séance. A votre rythme, mais avec du rythme.

Mikaël

 

Den Trainingssystem vum Serge an Natalie ass einfach genial, dén Intensivtraining während kurzen Trainingsunitéiten, an daat alles an der Natur, war fir mech eng nei Erfahrung. An dann och nach seng Ernährungsgewuneschten emzestellen, an domadden dann och nach e puer Centimeter Bauchemfang ze verléieren, war genau daat richtegt. De Serge, dén schon démols, wou mer zesummen an der Jugend Handball gespillt hun, emmer dén war, dén et färdeg bruecht huet, eis ganz Equipe ze motivéieren ass einfach den optimalen Fitness-Coach matt senger Art an Weis d'Léit ze fuerderen an ze motivéieren während den Traininger.
Mär huet et op jiddefall eppes bruecht an ech wärt bestemmt och weider machen.

Gerry

 

Ech hun während 12 Wochen em Serge sain Training mat gemaach, mat dem (vun mir) erhofften Resultat dass ech Gewicht an haaptsächlech Bauchemfang verluer hun. Dass ech et iwerhaapt esou laang ausgehaal hun, an dodurch main Ziil erreecht hun, ass weinst dem Konzept. Et huet super Spaass gemaach an der Natur ze traineieren, an ech war iwerrascht wei ofwiesslungsraich een den Training am Besch an mat der Natur kann gestalten. Desweideren hun den Serge & d'Natalie et faerdeg bruecht, den Training op jiderengem sain Niveau ofzestemmen, an awer d‘ Intensiteit heich ze haalen. Den Serge huet eis top motiveiert, awer die Gruppendynamik huet et schon alleng bedeitend mei liischt gemaach. Ech war an enger super Equipe. Mir hun eis ganz gudd verstaan an ech kann iech garanteieren dass ech alleng, ouni dei Gruppendynamik, net ganz oft Samschdes mueres um halwer 8 an de Besch gaang wir. Fazit: Vill Natur, Vill Sport, vill Spaass an daat mat deem erhofften RESULTAT !!!

Fernand

 

Ich bin froh, dass ich 2013 während mehreren Monaten mit dir im « Outdoor Bootcamp » trainieren konnte. In einer kleinen Gruppe, bestehend aus 2 Männern und 2 Frauen, lernte ich im Sommer 2013 Serge’s Waldtraining kennen. Ich war anfangs sehr verwundert über die doch sehr verschiedenen Leistungsniveaus der Teilnehmer, vom Null-Sportler zum Ex-Marathonläufer und Ex-Basketballer. Meine Skepsis war bals verflogen, denn der Trainer brachte es rund dass sich nach einigen Trainingseinheiten schon ein richtiger Teamgeist entwickelte, wo einer den anderen unterstützte und anspornte.

Auch dabei beim Training war Serge’s Partnerin, die immer aktiv mithalf, und besonders durch ihre berufliche Erfahrung immer gute Ratschläge in Sachen Ernährung auf Lager hatte.

Nach einigen Wochen machten sich erste Erfolge sichtbar, Verbesserung der Kondition, Gewichtsabnahme, Muskelaufbau, … .Für mich, der sich als Ziel gesetzt hatte, mein Ausdauertraining zu verbessern, war es eine super Erfahrung. Auf meine Einschreibung kann fitbyBNATURE mit Sicherheit im Frühjahr wieder zählen, über den Winter trainiere ich lieber drinnen weiter.

Vielen Dank nochmal an Serge, Natalie, Claudia, Véronique und Fernand, für die schönen sportlichen gemeinsamen Stunden.

Roland