LU | FR | DE | EN

Your Coaches

 

Serge

Schons a menger Kandheet hunn ech mat Begeeschterung Handball gespillt an intensiv Sport bedriwwen, bis datt Verletzungen mech leider forcéiert hunn, domat opzehalen. A menger berufflecher Carrière sinn ech un de Büro gebonnen – dat heescht : vill sëtzen, wéineg Beweegung. D’Kombinatioun vu Beweegungsmangel an onausgeglachener Ernährung huet mir am Laf vun der Zäit sou munchen Kilo op d’Rëpper bruet- meng Konditioun a meng Fitness ware séier fort !

Eng motivéiert Fitnesstrainerin huet mir gehollef ofzehuelen, mäi Kierper ze stäerken an meng Ernährung ëmzestellen. D’Resultat huet mech esou begeeschtert, dass ech onbedéngt déi Erfahrung och anere Leit wollt erméiglechen. Duerch Formatiounen zum Fitness- a Gesondheetstrainer (B-Lizenz), an duerno zum A-Lizenz Personal Trainer, hunn ech mer dat néidegt Wëssen erschafft. Ausserdeem sinn ech zanter Kuerzem och qualifizéierten Ernährungscoach an Trainer fir Gewiichtsmanagement.

Natalie

Schon ëmmer war ech gär dobaussen an hunn mech an der Natur beweegt. 2011 huet de Serge mech dunn mat op en Bootcamp an de Bësch geholl : ech war vun Ufank u begeeschtert vun dëser Aart a Weis ze trainéieren. Den direkte Kontakt mat der Natur an den Training am Grupp (zesummen mécht et einfach méi Spaass) sinn en flotten Mix an motivéieren ëmmer erëm.

Meng berufflech Erfahrung an der Ernährungshygiene a mäi pädagogesche Background als Enseignante hëllefe mer, Dir de Wee zu enger gesonder Ernährung ze weisen.

 

Claude

Duerch mäi Beruff als Schwammmeeschter hat ech schonn ëmmer vill mam Thema Sport a Gesondheet ze dinn. An der Schwämm hunn ech och als Aqua-Fitness Trainer (A-Schäin) Coursen ginn. Säit 2010 sinn ech och vun der Gemeng Diddeleng als Laftrainer (C-Schäin) zoustänneg vir d´Coursen vum Laftreff.

Bis 2005 hunn ech als Kraafttrainer (C-Schäin) mat enger Rei vun lëtzebuerger Spëtzesportler geschafft, wei z.B. em Alwin de Prins an Edith van der Schilden (Schwammen) oder em Mandy Charlet (Liichtathletik). Ausserdeem war ech vun 2000-2013 Kraafttrainer vun der HBD Härenequipe (Handball) an och vun der Jugend.

Am Januar 2016 hunn ech beim Serge mam Training ugefaangen, an ech hu séier gemierkt dass 3-4 Mol d´Woch lafen net duer geet vir richteg fit ze sinn. D´Konzept vum Fitnesszenter an der Natur huet mech schnell iwwerzeegt, an ech si frou mat menger laangjäreger Erfahrung als Trainer elo een neien Challenge als Coach mat fitbyNATURE unzefänken.

 

 

FitbyNATURE

D‘Konzept vun FitbyNATURE ass och vir Dech passend: mir analyséieren mat Dir zesummen Deng Gewunnechten, a sichen no Léisungen wat's Du kéints anescht maachen fir Deng Zieler méi séier ze erreechen. Deng nei Erkenntnisser an Erfahrungen erméiglechen Dir dann, Däin Alldaag nohalteg ëmzestellen, sou datt’s Du schnell an onkomplizeiert an e méi gesonden a fitten Liewensstil kanns starten.