LU | FR | DE | EN

FitbyNATURE – natierlech fit

FitbyNATURE ass déi natierlech Alternative zum Fitnessstudio. Raus aus dem Center, eran an d’Natur – maach Däin Training zum Erliefnis! Dobaussen gëtt de Mënsch sech sengem natierlechen Ëmfeld bewosst. Duerch ofwiesslungsräich Trainingsuniteiten, mee och duerch d’Zesummespill mat der Natur an den Ëmgang mat Wand a Wieder ginn Kierper, Geescht an Immunsystem gestäerkt.


A sound mind in a healthy body

Sech wuelfillen – eng Fro vun der Balance ! FitbyNATURE ass méi wéi nëmmen Training. FitbyNATURE gläicht den Stress vum Alldag aus : den direkten Kontakt mat der Natur hëlleft Dir, erëm zu Dir selwer ze fannen an gëtt Dir Kraaft an Energie.


Koordinatioun, Schnellegkeet, Kraaft an Ausdauer

D‘Natur ersetzt den Fitnesscenter ! D’Seancen sin op Basis vum Functional Training opgebaut. Déi klassesch Instrumenter ginn op der Säit gelooss – mär schaffen haaptsächlech mam eegenen Kierpergewiicht. Et geet dobäi net dorëms Muskelpäck unzetrainéieren, mee den individuellen Kierperdeel senger Roll am Beweegungsapparat entspriechend ze stäerken. Sou gëtt besonnesch den Rumpfbereich stabiliséiert an gekräftegt. Am Groussen a Ganzen steigert den Training progressiv Koordinatioun, Schnellegkeet, Kraaft an Ausdauer.

D’Seancen lafen a klengen Gruppen of. Séier entsteet eng flott Gruppendynamik, déi di eenzel Booties zousätzlech motivéiert an matrappt.

D’Kombinatioun vun deene verschiddenen Übungen mat dem direkten Afloss vum natierlechen Ëmfeld gëtt dir en ausgeglachent, fit Kierpergefill, onofhängeg dovun ob’s Du als Ufänger oder Sportler matméchs.


„Wanns de net wees wous de hi wells, wei wells de dann do ukommen?“ (Basil S. Walsh)

Sech Ziler sëtzen – den A an O vun engem gudden Trainingsprogramm. Zesummen mat Dengem Coach lees Du Deng Prioritéiten an Objektiver fest. Eventuell Schwächten ginn beuecht, sou dass den Training optimal un Dech ugepasst as. D’kierperlech Viraussetzungen an di sportlech Erwaardungen ginn kombinéiert, fir datt de Programm esou efficace wéi méiglech ass. Doriwwer eraus kann Däin individuellen Plang och duerch eng fachlech Ernährungsberodung complétéiert ginn.